Eis Wagyuranner ginn bei eis um Haff gebuer a bleiwen bis zu 10 Méint bei der Mammekou. Vum Fréijoer bis Hierscht stinn d’Wagyuen op der Weed. D’Ochsen ginn ab engem Alter vun 40 Méint geschluecht, an den Wee an d’Schluechthaus gëtt sou kuerz wéi méiglech gehal fir onnéidege Stress fir d’Déieren ze vermeiden.
Eist Wagyu Fleesch gëtt vum Metzler verschafft an duerno verpaakt an déifgefruer. Vun der Wagyuzoossis, Burger iwwer Steaks bis zum Filet, bidden mir alles vun eise Wagyuen un.
Doduerch datt mir op Qualitéit an net op Quantitéit setzen, sinn net all Deeler ëmmer verfügbar. Ofwiesselend ginn Vollblutt Wagyuen a Wagyu Kräizungen (Wagyu x Limousin a Wagyu x Holstein) geschluecht, woubäi d’Fleesch vum Vollblutt Wagyu sech duerch e méi héije Marmoréierungsgrad hervierhiewt. Trotzdeem däerf d’Fleesch vun de gekräizte Déieren net ënnerschat ginn an bidd eng präiswert Alternativ.
Weieen Fleesch am Moment verkaaf get, gesidd dir op eiser Präislëscht.
Kontaktéiert eis eloBoxenlaafstall fir d’Mëllechkéi
Opbau vun enger Limousin Mammekéiherd
Bewirtschaftung vun eisem Acker ouni Plou
Dräi Vakanzewunnengen sinn duerch Embauarbeschten um Stall an Schéier entstaan
D’Cooperative BEO (Bauereninitiativ fir d’Eislek an den Naturpark Our) gouf mat eis als Grënnungsmember an d’Liewen geruff…
…an de Produktiounshaalen zu Kalber ginn qualitativ héichwäerteg, regional Liewensmëttel wéi Ueleg, Moschter, Wëllkar Nuddelen a villes méi produzéiert. Op eise Felder gëtt Läin ugebaut, deen ënner anerem zu kalgepresstem Ueleg veraarbecht gëtt. « www.ourdaller.lu »
De Betrieb “A Mëchels” ass an déi 9. Generatioun vun der Famill Aust iwwergaang
Eis éischt Photovoltaikanlag ass an Betrieb geholl ginn
D’Mëllechkéi ginn vun engem Melkroboter gestrach
Bau vun engem néien Déierenfrëndlechen Stall mat Laufhof fir d’Mëllechkéi
Éischten Kontakt mat der Wagyu Zuucht
Déi éischt Vollblutt Wagyuen goufen gebuer
Wéinst der Lag vun eisem Betrieb am Naturpark Our vermaarkte mir eist Fleesch ënner dem Numm “Ourdall Wagyu”
Wagyu heescht “japanescht Rand” an ass och bekannt als “Kobe”. Déi meescht Wagyuen hunn glaat, schwaarzt Fell, woubäi et der och matt roudem Fell ginn.
Wagyu heescht “japanescht Rand” an ass och bekannt als “Kobe”. Déi meescht Wagyuen hunn glaat, schwaarzt Fell, woubäi et der och matt roudem Fell ginn.
Famill Aust
69, Kierchestrooss
L-9452 Bettel
Luxemburg